Et ass eng Single "From the Vault" a wäert och op der neier Versioun vum Taylor sengem Album "Fearless" ze héiere sinn.

D'Taylor hat schonn am Viraus annoncéiert, dass et an Zukunft och ëmmer nees Lidder wéilt erausbréngen, déi et zwar geschriwwen an opgeholl hat, mee déi et net op seng Albe gepackt haten. Ma elo ass et dann elo un dem éischte Lidd aus dëser Schatzkammer eraus ze kommen, déi och nach "Vault" genannt gëtt vum Taylor.

Déi nei Single heescht "You All Over Me" a gouf vum Aaron Dessner produzéiert a vum Scooter Carusoe matgeschriwwen. Donieft ass d'Single och nach ee Feature. Déi US-Amerikanesch Country-Sängerin Maren Morris huet seng Stëmm fir d'Backing Vocals geliwwert.