Dëst ass keng Übung! Wéi d'Rihanna selwer matgedeelt huet, gëtt et gläich eng nei Single!

Et handelt sech hei net ëm Rumeure vun iergendengem Insider. D'Rihanna selwer huet elo matgedeelt, dass ganz geschwënn nei Musek wäert eraus kommen! Ee Moment op dee ganz vill Leit ganz laang gewaart hunn.

Op Instagram hat d'Rihanna ee Video gepost. Dat fir de "Women's History Month" ze feieren. An deem Video ass et ëm dem Rihanna seng musikalesch an och philantropesch Karriär als schwaarz Fra gaangen.

An de Kommentarer vum Post huet ee Fan vum Rihanna gemengt, dass een dës Karriär jo villäicht mat neier Musek feiere kéint? Dem Riri seng Reaktioun do drop: "Ech mengen ech sollt" kombinéiert mat engem "soon" Emoji. Kuerz drop koum awer nach eng Prezisioun vum Rihanna. "Just 1 tho lol". Deemno wäert just ee Lidd kommen.

Ma dat ass awer egal wéi ee Grond sech ze freeën. Nei Musek gouf et elo scho länger Zäit net méi vum Rihanna. Fir genee ze sinn ass dee leschten Album vum Rihanna 2016 eraus komm.

Säin 9. Studio-Album soll iwwregens fäerdeg sinn. Ma d'Rihanna wëll dësen awer nach net eraus bréngen. Op eng nei Single dierfe mer eis jo elo anscheinend dann awer freeën.