Ee Rekord deen ee sech emol wierklech op der Zong muss zergoe loossen, huet den Eminem fäerdeg bruecht.

10 Joer sinn eng laang Zäit. 10 Joer an den Charts si scho bal eng Éiwegkeet. Dat mat ëmmer nees neie Kënschtler an neien Alben, ma souguer neie Genren déi an 10 Joer esou an Charts opdauche kënnen.

An den Eminem huet se wéi et schéngt all iwwerlieft. Respektiv säin Album "Curtain Call: The Hits" aus dem Joer 2005. Et ass dee gréissten Album vum Eminem/Slim Shady senger Karriär gewiescht. Mat Lidder wéi "My Name Is" , "Without Me", "Lose Yourself" oder och "Stan" huet den Eminem d'Musekszeen, a souguer d'Popkultur nohalteg geprägt. Den Ausdrock "I stan" ass haut nach geleefeg, souguer ënnert der TikTok-Generatioun! Op "Curtain Call: The Hits" ass dann dat Bescht aus dem Eminem senger Karriär op engem Longplayer.

Ma dësen Album huet et dann elo gepackt am Ganzen 10 Joer an de "Billboard 200"-Charts ze sinn. Elo mat der Woch vum 21. Mäerz, huet den Eminem et da gepackt ganzer 520 Wochen mat dësem Album an den Charts ze stoen. Domat ass hien deen éischte Kënschtler deen dëst mat engem Hip-Hop-Album fäerdeg bruecht huet. An "Curtain Call: The Hits" steet domat op der 6. Plaz vun den Alben déi am längsten an de Billboard 200 waren.

Do steet Pink Floyd op der 1 mat hirem Album "The Dark Side of the Moon" (958 Wochen), duerno Bob Marley and the Wailers mat "Legend" (669 Wochen) an op der 3. Plaz den Album "The Greatest Hits" vun Journey (659 Wochen).