Déi nei Single nennt sech "Montero (Call Me By Your Name)".

Et ass eng Single déi de Lil Nas X schonn zimlech laang geteased huet. Schonn d'lescht Joer am Februar, war een Ausschnëtt vun der Single an enger Super Bowl Reklamm vu Logitech ze héieren. An Ugank Mäerz, hat de Rapper da via Twitter de Release-Datum vun der Single matgedeelt.

Am Video kann een dann dem Lil Nas X seng eegen Interpretatioun vum "Garten Eden" entdecken. An dat gesäit, ganz wéi een et vum US-Rapper gewinnt ass, anescht a faarweg aus! Zesumme mat der Single, huet de Lil Nas X, dee mat biergerlechem Numm Montero Hill heescht, ee Bréif u säi 14-Joer aalt "Ech" geschéckt.