Den Titelsong vu senger YouTube Dokumentatioun, wéi och sengem neien Album ass elo offiziell dobaussen.

D'Dokumentatioun "Dancing With The Devil" op YouTube soll keng Froe méi oploossen. An och den Album, deen den 2. Abrëll eraus kënnt, soll no um Demi sengen Erfarunge sinn. Et wier een intimen an authenteschen Album deen eis do erwaart, wéi d'Demi selwer sot.

Ma déi éischt Single vum Album Dancing with the Devil...The Art of Starting Over ass dann elo offiziell dobaussen. D'Single dréit dann och quasi deen nämmlechten Numm. "Dancing with the Devil" ass eng ganz intensiv Single, mat dramatesche Kläng.
Wéineg erstaunlech: am Lidd thematiséiert d'Demi wéi no et um Dout war, a wéi et kengem gewisen huet, wat hatt wierklech mat mécht, a wéi et him eigentlech geet. A wéi et eebe mam "Däiwel" gedanzt huet, an doduerch op eemol ganz no "um Himmel" war.