Zwou gewalteg Stëmmen op engem Track! Dat steet elo deemnächst un!

Dem Rag'N'Bone Man säin zweeten Album steet an de Startlächer! De 7. Mee kënnt dësen ënnert dem Numm "Life By Misadventure" eraus. Bis elo si schonn zwou Singlen ausgekoppelt ginn, do drënner och d'Single "All You Ever Wanted". Ma elo ass dann eng weider Auskopplung bekannt! Dës kënnt den 9. Abrëll eraus an nennt sech "Anywhere Away From Here".

Do huet de Rag'N'Bone Man sech dann eng weider Power-Stëmm dobäi geholl. An zwar keen anert wéi d'Sängerin P!nk. Ma wéi et schéngt, ass et net nëmmen eng Éier gewiescht fir de Rory Graham, wéi de Sänger eigentlech heescht. D'P!nk selwer sot schonn an der Vergaangenheet, dass et ee grousse Fan vum Rory senger Stëmm wier. Dëst schonn direkt nodeems et déi éischte Kéier seng Single "Human" héieren huet. "Vun do u wousst ech, dass ech eemol mat him wéilt zesumme schaffen". esou d'P!nk. ""Anywhere Away From Here" ass dat ideaalt Lidd fir eis fir zesummen ze sangen. Ech fille mech geéiert un dëser Kollaboratioun deel ze huelen!", esou d'Sängerin weider.

"Am Lidd sinn éierlech Iwwerleeungen dozou agefloss, wann een einfach nëmmen aus onangeneemen Situatioune flüchte wëll, wéinst den Onsécherheeten déi mer all hunn." Esou beschreift de Rag'N'Bone Man d'Thema vu senger Single.