Dëst mat sengem neien Album "Justice".

Et ass déi aachte Kéier, dass den Justin Bieber mat engem Album op der Nummer 1 vun de Billboard 200 Charts gelant ass. Domat huet en den Morgan Wallen vun der éischter Plaz gekickt. Dëse stoung 10 Woche laang op der Nummer 1 mat sengem Wierk "Dangerous: The Double Album". Elo steet dësen "nëmmen" nach op der 3. Plaz.

Am Ganzen huet den Justin Bieber méi wéi 154'000 Units an Zäit vun enger Woch erziilt kritt. Dozou zielen Streams, physesch verkaaften Alben, an digital verkaaften Alben. Bis elo ass den Justin dann och op der zweeter Plaz vun de beschte Starts vun engem neien Album fir d'Joer 2021. Vu sengen 10 Studio-Alben haten et bis elo just zwee Stéck net op déi éischte Plaz gepackt.