Dësen erfollegräiche Livestream vun der albanesch-brittescher Sängerin hat bal net esou stattfonnt.

Am November 2020 hat d'Dua Lipa ee grousse Livestream annoncéiert mat ville bekannte Kënschtler, an och enger ganzer Partie Iwwerraschungsgäscht. D'Freed bei de Fans war do natierlech grouss, a ganz vill Leit ronderëm d'Welt hunn de Livestream dann och verfollegt. D'Resultat konnt sech och weise loossen. Et war eng opwänneg Produktioun, mat Gäscht wéi dem Miley Cyrus, dem Elton John, dem Kylie Minogue oder och nach méi onbekannte Kënschtler, wéi dem Angèle.

Ma bal wier de Livestream awer ni esou gewise ginn. Eng Grupp vun Hacker hate probéiert de Livestream vu "Studio 2054" z'iwwerhuelen. Dat direkt am Ufank vun der Show. Dat huet den James Sutcliffe, CEO vu LiveNow, der Entreprise déi de Stream assuréiert huet, elo matgedeelt. Wéi den James Sutcliffe awer weider sot, wier ee frou gewiescht, dass ee scho jorelaang Erfarung mam Livestreame vu groussen Events, wouduerch d'Team genee wousst wéi ee reagéiere misst. Esou, dass de Stream net misst ofgebrach ginn, d'Spectateuren näischt gemierkt hunn, an d'Liveshow erfollegräich konnt weider goen.

Am Ganzen hate schlussendlech weltwäit ganzer 5 Millioune Leit um Livestream deelgeholl.

Hei ee klenge Video fir Iech eng Impressioun vum Event ze ginn: