Dëst huet den Atelier um Mëttwoch matgedeelt.

Fir d'Fans vun Däitschrap ass et derwäert de Bic an de Kalenner auszepaken! Den Atelier huet nämlech um Dënschde een neie Concert annoncéiert. Dësen ass fir de 17. Mäerz 2022 ugesat. Den däitsche Rapper Haftbefehl wäert dann hei zu Lëtzebuerg optrieden. Dëst dann och am Atelier selwer.

Den Haftbefehl wäert mat senger "Die schwarz-weisse Tour" also als 4. Stopp Lëtzebuerg hunn. Eréischt de 27. Mäerz huet den Haftbefehl säin neien Album "Du weisst dass es Haft ist" eraus bruecht.

Wien dobäi wëll sinn, muss sech den 1. Abrëll um 10h00 fräi halen. Da wäerten de Virverkaf offiziell lass goen.