Och nom Succès vu sengem Album "After Hours" ass dës Zäit nach net ganz eriwwer wéi et schéngt...

Am Laf vum leschte Joer huet den The Weeknd mat sengem Album "After Hours" Rekorder gebrach a sech eng Ära opgebaut. De kanadesche Sänger hat mat dësem Album am Allgemengen ee grousse Succès.

De Sänger huet awer och e bësse misse mat Réckschléi kämpfe wéi zum Beispill, dass en net fir d’Grammys nominéiert gouf. Des Decisioun huet dem Sänger net gefall, och well den internationalen Erfolleg vu sengem Album en zu engem Favorit vun dësem Präis hätt misse maachen. An en huet sech och dozou geäussert, dass hie vun elo un d’Grammys wäert boykottéieren.

Och dem Abel Tesfaye seng Fans, si begeeschtert gewiescht vum Album. Ee Fan huet zum Beispill eng Collage vum Weeknd sengem Alter Ego, deen de Museker fir dësen Album opgebaut huet, zesumme gestallt. Dëse Collage schéngt dem Museker därmoosse gefall ze hunn, dass hien en einfach emol op Instagram gepost huet. An dëse Post da kommentéiert huet mat "eng Ära". Ma elo e Freiden huet The Weeknd op Twitter matgedeelt, dass en nach eng lescht Iwwerraschung huet fir dës kënschtleresch Ära ofzeschléissen.

Ma am September 2020 hat de Weeknd och schonn Hoffnungen op en neien Album gemaach. Dëse soll dem Sänger no nach virum Schluss vum Lockdown rauskommen. Genee Detailer sinn awer nach net bekannt.