De britteschen DJ huet sech och elo selwer an dem Beräich versicht.

Non-Fungible Token's, kuer och NFT's genannt sinn ee relativ rezente Phänomen. Een NFT gëtt engem d'Rechter iwwert een digitale Contenu. Dat kënne ganz verschidde Saache sinn. Vun Tweets bis Audio-Opname vu Fierz ass do alles dobäi. Och méi normal Saache wéi eebe Musek.

An de britteschen DJ Calvin Harris huet sech och elo an dëse Beräich getraut. Zesumme mam Emil nava, dee Regisseur fir Museksvideoen ass, hu si den NFT "Technofish" produzéiert a bidden dësen elo zum Verkaf un. Déi zwee hunn awer och e bësse Reklamm gemaach fir dës Aktioun. An zwar hu se an der Clubhouse-Show "Good Time Show" doriwwer geschwat.

Fir de Calvin Harris wier dat interessant un den NFT's dass se een eegene Produit sinn. "Et ass ee ganz neien Tool fir kreativ ze ginn, deen net via Radio, Streams oder vu Labels kontrolléiert gëtt an et mécht ee wierklech wat ee wëll, an et léisst een d'Leit decidéieren. Et schéngt wéi een immens flotten an direkte Wee eppes ze schafen. Ech mengen, dass et d'Museksindustrie komplett revolutionéiere kéint" esou de Museker weider. De Calvin Harris ass dann och net deen eenzegen deen ënnert d'NFT-Produzenten gaangen ass. Och de Steve Aoki ass do scho ganz erfollegräich ënnerwee, a gehéiert zu de bescht-verkaaften NFT-Artists op der Welt. Oder och den 3lau: säin Album "Ultraviolet" gouf fir 11,6 Milliounen US-Dollar verkaf.