Déi brittesch Band wäert nächst Joer de Wee op Lëtzebuerg fannen. Mat hirem Indie-Pop-Sound a bësse verréckte Stil eng Band déi ee sech verhalen dierf!

Et ass nees Zäit de Kalenner auszepaken a sech Datumer fräizehale fir Concerten! Wéi den Atelier annoncéiert um Mëttwoch annoncéiert huet, wäert déi brittesch IndiePop-Band "Easy Life" hire Wee op Lëtzebuerg fannen.

Méi genee wäert d'Grupp de 16. Mäerz 2022 hei zu Lëtzebuerg am Atelier optrieden. Wie sech Tickete séchere wëll, kann dat ab dem 9. Abrëll maachen. Vun 10 Auer un, kann een dann um Site vum Atelier d'Ticketen am Virverkaf kréien.

Easy Life war lescht Joer am BBC-Ranking "Sound-of-2020" op der zweeter Plaz gelant. Dëse Ranking gëtt all Joer opgestallt, fir déi Kënschtler ze fannen, déi am Joer duerno wuel am warscheinlechsten hiren Duerchbroch feiere wäerten. Mat Single wéi "Daydreams" sinn d'Britten aus Leicester och scho bei eis op der Antenne positiv opgefall.