E Mëttwoch den Owend - Concertsfeeling fir doheem mat där beschter Live-Musek um Hitradio zu Lëtzebuerg! Dës Kéier: Imagine Dragons

Direkt mat hirem Debut-Album konnten d'Imagine Dragons sech an der Musekswelt etabléieren. Op "Night Visions" sinn ënnert anerem "It's Time", "Radioactive", "Demons" oder "On Top of the World". Et sollt 2013 ee vun deene meescht-verkaaften Albe vum Joer ginn.

Och spéiderhinn konnt d'Formatioun ronderëm den Dan Reynolds grouss Erfolleger feieren. Ënnert anerem mat Songs ewéi "Whatever It Takes", "Thunder" oder "Believer", déi alleguer um 3. Longplayer "Evolve" mat drop sinn.

Nodeems et e puer Joer roueg war, well de Reynolds sech op d'Famill konzentréiert huet, hunn déi 4 Amerikaner sech elo mat hirer neier Single "Follow You" zeréckgemellt. Gläichzäiteg gouf och "Cutthroat" released. Et ass eng ganz emotional Single, déi schonn e bëssen un dee fréien Imagine-Dragons-Sound erënnert. Bleift ze hoffen, datt mir eis och geschwënn op en neien Album freeë kënnen.

Am Kader vun hirem Comeback presentéiere mir iech hir gréissten Hits vun an der Live-Versioun. Erlieft d'Imagine Dragons live vun hirer "EVOLVE TOUR" - e Mëttwoch den Owend vun 21h00 un um Eldo a via Livestream op eldo.lu an an der App!