Heiansdo muss ee sech och mol selwer op d'Schëller klappen. Dat hunn elo och ''Fettes Brot'' gemaach a feieren ee Jubiläum.

Déi Hamburger Band Fettes Brot huet sech selwer zum 25-Järege Jubiläum vum Hit ''Jein'' gratuléiert. ''HerzlichenGlückwunsch an uns. Dieser klassiker Wird heute 25! Wahnsinn'', esou d'Museker de Donneschde-Mueren iwwert Facebook.

Dobäi hunn se de Clip zum Song gepost, deen 1996 op hirem zweete Studioalbum ''Außen Top Hits, innen Geschmack'' war. Si hunn d'Fans an de Kommentare gefrot, wat se mat deem Song verbannen.

Säit bal 25 Joer gehéiere ''Fettes Brot'' an Däitschland zu deene ganz groussen. Mat ''Jein'' an ''Nordisch by Nature'' huet den Doktor Renz (Martin Vandreier), König Boris (Boris Lauterbach) a Björn Beton (Björn Warns) hieren Duerchbroch gefeiert. Mat ''Emanuela'' hun se dann esouguer déi zweet Plaz beim Bundesvision Song Contest gemaach.

Hieren néngten Album ''Lovestory'' koum iwweregens 2019 eraus.