D'Mamm vun der Sängerin wëll sech domat eng Erënnerung schafen an de Leit weise wien d'Amy wierklech war.

Fir den zéngten Doudesdag vum Amdy Winehouse wäert eng nei Dokumentatioun eraus kommen. Matgeschafft huet och d'Mamm Janis Winehouse.

Den 23. Juli 2021 ass dee mëttlerweil zéngten Doudesdag vun der Sängerin. Dofir wëll d'Mamm vum Amy an enger BBC-Dokumentatioun een Abléck an d'Liewe vun der jonk verstuerwener Kënschtlerin ginn. Dofir huet si méi wéi ee Grond an een ass méi schlëmm wéi den aneren. Ech hunn net d'Gefill wéi wann d'Welt dat richteg Amy kennt, esou d'Janis Winehouse.

D'Mamm vun der Sängerin gouf 2003 mat Multiple-Sklerose diagnostizéiert. D'Nervekrankheet huet deemools gefrot, d'Erënnerung zum Amy verschwannen ze loossen a genau aus deem Grond wëll d'Janis déi Dokumentatioun mam Numm '' 10 Years On'' realiséieren. Doranner wäerten dann och nach aner Familljememberen a Frënn virkommen.

D'Musekerin selwer, déi fir de Song ''Rehab'' ee weltwäiten Erfolleg feiere konnt, ass am Joer 2011 am Alter vu 27 Joer un enger Alkoholvergëftung gestuerwen. Dat nodeems se jorelaang mat Drogen- an Alkoholproblemer gekämpft huet. Wärend der kuerzer Karriär ass d'Amy iwweregens mat e puer Grammys ausgezeechent ginn.