Nom Drop vum Album ''Justice'' ass de Museker deen éischte männleche Kënschtler deen ënnerhalb enger Woch un der Spëtzt vun den Album- a Single-Charts ass.

Kuerz nom Release vum Album ''Justice'' konnt sech den Justin Bieber op Millioune Spotify-Streams freeën a seet all senge Fans Merci fir déi enorm Ënnerstëtzung. Et ass esouguer esou wäit komm, dass den Album un d'Spëtzt vun den US-amerikanesche Charts geklommen ass. Domat ass et awer nach net duer gaangen. Och d'Singleauskopplung ''Peaches'' konnt groussen Erfolleg feieren. Dee Song ass nämlech och zu engem Nummer-eent-Hit mutéiert.

Mat der Besetzung vu béide Rankings ass de Justin deen éischte männleche Solo-Kënschtler, deen ënnerhalb enger Woch d'Album- a Single-Charts uféiert. Fir dat ze feieren huet de Museker sech zesumme mat senger Fra Hailey tätowéiere gelooss. Spektakulär ass den Tattoo allerdéngs net, et handelt sech hei nämlech ëm eng Piisch, also op Englesch ''Peaches'' an ass deemno den Numm vum Song.

De Justin huet den Tattoo un der lénker Säit vum Hals a seng Fra un der banneschter Säit vum lénksen Aarm.