Nodeems d'Musekerin mat ''Drivers License'' den Duerchbroch gepackt huet, ass elo deen neie Song ''Deja Vu'' dobaussen an en Album steet an de Startlächer.

Ufanks Januar ass ''Drivers License'' op de Marché komm. Domat huet d'Olivia déi längsten Number One debut Single released an dat säit Gnarls Barkley mam Hit ''Crazy'' vun 2006. Iwwerdeems kann de Song och an den USA a beim Recht vun der Welt ee groussen Erfolleg feieren.

Et läit also op der Hand, dass d'Musekerin un dee Succès probéiert unzeknäppen an dat mat der neier Single ''Deja Vu''. De Phänomen Deja-vu faszinéiert et esou extrem, dass et dat einfach mol an ee Lidd verpak huet, esou d'Olivia Rodrigo. Op YouTube huet d'Kënschtlerin dann an der Beschreiwung vum Song-Video och ee Pre-Order-Link vum Album released.

De Longplayer huet den Numm *O*R a soll den 21. Mee eraus kommen.