Dat a Form vun enger EP déi sech "Freedom" nennt, an direkt 6 Lidder opweises huet!

Dat ass dach emol eng schéin Iwwerraschung gewiescht op Ouschteren! Obwuel dem Justin Bieber säin Album "Justice" knapps ee Mount dobaussen ass, ass elo schonn nei Musek komm. D'EP, déi de 5. Abrëll eraus komm ass besteet dann am Ganzen 5 Singlen, mat enger ganzer Rëtsch u Guest Artists. Dorënner BEAM, Brandon Love, Pink Sweats, Tori Keller oder dem Lauren Walters.

Annoncéiert huet den Justin "Freedom" via Social Media, mam einfache Saz: "Freedom on all platforms". Ma déi duebel Bedeitung hannert dem Saz ass dann net verwonnerlech beim kanadesche Sänger, deen ëmmer nees iwwert säi Glawe schwätzt. Ausserdeem dierft dëse Release schonn am Viraus esou geplangt gewiescht sinn. Verschidden Textzeilen wéi "Good friday fish" oder "Easter Sunday bun and cheese".

Op der EP fënnt een da folgend Tracks: "Freedom"(feat. BEAM), "All She Wrote" (feat. Brandon Love and Chandler Moore), "We’re In This Together", "Where You Go I Follow" (feat. Pink Sweats, Chandler Moore and Judah Smith), "Where Do I Fit In" (feat. Tori Kelly, Chandler Moore and Judah Smith) and "Afraid to Say" (feat. Lauren Walters).