Mat sengen Hits dierft den däitsch-spuenesche Sänger den Atelier nächst Joer zum Kache bréngen.

Egal op ee Spuenesch versteet oder net. Dem Alvaro Soler seng Musek huet einfach dee richtege Vibe een awer mat ze rappe. Mat sengen Hits wéi "Sofia" , "La Libertad" oder "La Cintura" a ville weidere Lidder huet den Alvaro Soler weltwäit d'Leit begeeschtert. Esou huet de Sänger och schonn dierfe mam J-Lo zesummen optrieden, oder bei der italienescher Versioun vun "The X-Factor" an der Jury dierfe sëtzen. Seng Lidder hu mat engem summerleche Flair, vill Rhythmus a gudder Laun genee dat ze bidde, wat een och op engem Concert ëmmer gutt ka brauche, fir nees esou richteg ofzegoen an nonstop ze danzen.

Ma wie Loscht hätt de spuenesch-däitsche Kënschtler eemol Live z'erliewe kritt dozou elo d'Chance. Den 3. Mäerz 2022 wäert de Sänger am Kader vu senger "Magia European Tour 2022" och de Wee op Lëtzebuerg fannen. Wie sech een Ticket wëll sécheren, muss sech den 21. Abrëll ab 12h00 bäimaachen.