Zwar net fir ëmmer, mee d'Rapperin huet matgedeelt, dass et fir eng "laang Zäit" verschwanne wäert.

Fir all d'Fans vun der US-Rapperin Cardi B heescht et elo wuel staark sinn. Am Interview mam amerikaneschen Hip-Hop Magasinn XXL huet d'Cardi elo iwwert d'Zukunft geschwat. Aktuell waarde mer jo op deen zweeten Album vum Cardi. Nom enorme Succès vu sengem Debut-Album "Invasion of Privacy" soll den Drock enorm grouss sinn op d'Kënschtlerin. Dat sot d'Cardi schonn e puer mol an deene leschte Méint.

Am Interview huet d'Rapperin dann elo verroden, dass et plange géif fir eng "ganz laang Zäit" vun der Bildfläch ze verschwannen. Dat fir kënnen a Rou an ouni Drock u sengem zweeten Album ze schaffen. Weider sot d'Belcalis Almanzar, dass et eigentlech geplangt hat, elo scho fäerdeg ze si mam Album. Ma duerch d'Pandemie wier dëst awer ëmmer nees net méiglech gewiescht. Déi ganz Situatioun an der Pandemie hätt him einfach all Loscht an Inspiratioun geholl fir weider um Album ze schaffen. Hatt wéilt säin Album awer eraus bréngen, mee och mat dësem dann op Tour goen. An der aktueller Situatioun wier dëst awer einfach net méiglech.

Och wier et fir hatt einfach onvirstellbar seng Promo-Tour iwwer Zoom ze maachen. Dat wier einfach vill ze onperséinlech. Et wier einfach besser enger anerer Persoun vis à vis ze sëtzen an dann de Vibe ze spieren. Ma d'Pläng fir deen zweeten Album stinn awer. Dofir wier et elo un der Zäit ze verschwannen fir dës och fäerdeg ze kréien. Am Viraus vum Interview mat XXL huet d'Cardi dowéinst och all Meetinge gehalen, an alles organiséiert fir no dësem Interview och direkt kënnen ze verschwannen. Dozou kann een dann eigentlech just nach soen: Okuurr!