Bei dëser Dokumentatioun soll dem Kanye West seng Karriär aus deene leschten 10 Joer gewise ginn. An huet och vill Suen abruecht.

Mat engem Mulit-Milliounen-Dollar-Deal huet Netflix sech d'Rechter un engem Documentaire iwwert de Kanye West geséchert. An dësem gëtt dem US-Rapper säi Liewen vun deene leschten 10 Joer thematiséiert. Et soll sech dann och ëm e puer Deeler handelen déi op dem Streaming-Ries seng Plattform géing kommen.

De kontroverse Museker huet wuel op mannst esou vill Fans wéi Leit déi de Kapp iwwert hie rëselen. Ma an deene verschiddenen Deeler soll dann eemol natierlech op seng musikalesch Karriär gekuckt ginn, mee och méi privat Momenter. Wéi zum Beispill den Dout vu senger Mam Donda. Oder och seng staark mediatiséiert an och deels skurril Campagne fir President ze ginn am Joer 2020. Dëst si mol déi éischt Sujeten déi bekannt sinn aus der Dokumentatioun. Et wieren och virun allem Videoen déi nach ni public gemaach goufen.

Billboard no hätt de Verkaf un de Rechter ganzer 30 Milliounen US-Dollar abruecht. Ma d'Zeitung Variety hätt awer vun engem Insider matgedeelt kritt, dass des Chiffer net richteg ass. D'Serie gouf iwwregens vum Produzenten Team Clarence "Coodie" Simmons an dem Chike Ozah verkaf. Si hunn de Kanye West an deene leschten 20 Joer mat der Kamera begleet. Si hunn och d'Museksvideoen fir "Jesus Walks (Version 3)" an "Through the Wire" produzéiert. D'Doku-Rei soll dann och schonn nach um Schluss vun dësem Joer eraus kommen.