Wann et eng Persoun an der Musekszeen gëtt déi hir Fans esou richteg verwinnt de Moment, dann ass et wuel d'Taylor Swift!

Eréischt lescht Joer huet d'Taylor seng Swifties direkt mat zwee Iwwerraschungs-Alben glécklech gemaach. Ma elo geet et weider mam Verwinn-Programm!

Den Album "Fearless: Taylor's Version" ass esou gutt wéi do. Och wann dat villäicht kee komplett neien Album ass, sinn awer e puer Lidder aus dem Taylor sengem "Vault" dobäi. Eng weider Vault-Single ass e Mëttwoch eraus komm. Dës nennt sech "Mr. Perfectly Fine" an handelt ëm ee Break-Up. Ma et gi scho ganz kloer Indicen wien de Mr. Perfectly Fine kéint sinn...

An dat och wéinst der aktueller Fra vun dësem Här! Een Deel vun de Fans sinn iwwerzeegt, dass d'Lidd vu kengem aneren wéi dem Joe Jonas handelt! De Sänger a Member vun den Jonas Brothers war 2008 mam Taylor zesummen, an huet mam Taylor via...Telefon Schluss gemaach! D'Sophie Turner, dem Joe seng Fra hat d'Lidd dann och um Mëttwoch a senger Story gedeelt.
An d'Taylor huet och dorop reagéiert:

RTL

© Instagram / Taylor Swift

Eng aner Theorie vun de Fans seet, dass et an der neier Single ëm den Jake Gyllenhal geet. Deen drëtte méigleche "Mr. Perfectly Fine" kéint och den John Mayer sinn. Dës Bezéiung gouf jo och schonn an dem engen oder anere Lidd vum Taylor thematiséiert.

Firwat iwwregens nëmmen déi 3? Ma well "Fearless" 2008 eraus komm ass. An d'"Songs from the Vault" déi d'Taylor elo am Kader vun der Neioplo eraus bruecht huet och aus der Zäit stamen.