Déi zwou Musekerinne sollen zesummen um Lidd "Kiss Me More" ze héiere sinn.

Obwuel d'Doja Cat zwar am Laf vun de leschte Méint ëmmer nees ze héiere war, war et eigentlech ëmmer als Guest Artist bei anere Kënschtler. Seng lescht eege Single ass nach vum Januar 2020, an nennt sech "Boss Bitch".

Elo gëtt et dann nees Zäit fir eegent Material. Ma ganz eleng wäert d'Doja do awer net ze héiere sinn. Fir seng nei Single "Kiss Me More" huet sech déi US-amerikanesch Kënschtlerin d'SZA mat an d'Boot geholl.

Annoncéiert gouf de Release vun der Single um Donneschden, an ass dann och scho den 9. Abrëll dobaussen.

Déi zwou Kënschtlerinnen haten hir Kollaboratioun och scho méi fréi dëst Joer an engem Interview beschwat. Et soll dann och eppes ganz Spezielles ginn. "Kiss Me More" ass dann och déi éischt Singleauskopplung aus dem 3. Album vum Doja Cat. Dësen wäert "Planet Her" heeschen an eng ganz Partie Guest Artists opweises hunn. Eng komplett Tracklist vum Album oder e geneeë Release-Datum gëtt et awer bis elo nach net.