Scho mat sengen zwou éischte Singles ass déi jonk Sängerin immens positiv opgefall. Elo kënnt dann eng éischt EP.

Entdeckt gouf d'Zoe Wees bei The Voice Kids, wéi hatt 2017 bei der fënnefter Staffel dobäi war. An de Sing-Offs war dunn awer Schluss fir d'Zoe. Ma ee ganz Groussen war awer begeeschtert vum Zoe. An dat war keen aneren wéi den Ed Sheeran.

Ma obwuel et bei enger Casting Show ugefaangen hat, huet et seng Karriär herno eigentlech gréissenteels aus eegener Kraaft gestart. Do hunn och Instagram an TikTok vill gehollef, wou et Coverversioune vum Lewis Capaldi, James Bay oder och dem Leonard Cohen gedeelt huet. Seng éischt Solo-Single "Control" ass dunn 2020 eraus komm a war een Erfolleg. Besonnesch och well Sänger wéi de Lewis Capaldi, Dean Lewis oder och d'Sängerin Jessie J beandrockt ware vum Zoew senger Stëmm an och senger Single. Den 12. Januar 2021 ass d'Zoe du souguer an der "The Late Late Show with James Corden" an den USA opgetrueden.

Ma elo ass no senger zweeter Single "Girls Like Us" dann och eng éischt EP drun. Dës kënnt den 21. Mee eraus an nennt sech "Golden Wings". Am Ganze sinn hei 5 Singles drop, nieft deenen zwou scho bekannten also nach dräi ganz nei Tracks. Wéi d'Zoe op Instagram geschriwwen huet, wier d'EP eppes wéi eng perséinlech Therapie. All Lidd huet him gehollef mat senger eegener mentaler Gesondheet ëmzegoen. Et dierf ee méi wéi gespaant sinn, wéi dës EP sech unhéiert.