Den Album "Welcome 2 America" gëtt elo 5 Joer nom Sänger sengem Dout verëffentlecht.

Et ass een Album deen een och nach als "the lost album" also dee "verluerenen Album" bezeechent huet. Et ass den Album "Welcome 2 America" deen 2010 vum Prince opgeholl gouf. An eigentlech dat Joer drop sollt released ginn, zesumme mat enger Tour. D'Tour ass zwar ofgehale ginn, ma awer ouni Album.

Elo nodeems en da méi wéi 10 Joer net public gemaach gouf ass et dann elo un der Zäit. Nach wéi e gelieft huet, sot de Prince zum Album, dass et ëm Rassismus, politesch Spléckung an sozial Justiz geet. "The world is fraught with misin4mation. George Orwell’s vision of the future is here. We need 2 remain steadfast in faith in the trying times ahead."

D'Lead-Single "Welcome 2 America" ass schonn dobaussen. Dee ganzen Album soll dann nach dëse Weekend, den 11. Abrëll an der CBS Show 60 Minutes thematiséiert ginn. Fir d'Fans vun der Pop-Legend also ee Grond sech nach méi op de Sonnden ze freeën! Den Album wäert dann awer eréischt offiziell den 30. Juli dobausse sinn. An der Deluxe-Edition gëtt et dann net nëmmen den Album, mee och nach ee komplette Concert aus 2011 am The Forum op Blu-ray.

Hei ass d'Tracklist vum Album:
"Welcome 2 America"

1. Welcome 2 America
2. Running Game (Son of a Slave Master)
3. Born 2 Die
4. 1000 Light Years From Here
5. Hot Summer
6. Stand Up and B Strong (Soul Asylum cover)
7. Check The Record
8. Same Page, Different Book
9. When She Comes
10. 1010 (Rin Tin Tin)
11. Yes
12. One Day We Will All B Free