Nodeems een de Rock am Ring op en Neits misst verleeën, ass elo gewosst wéini a wéi ee säin Ticket kann ëmtauschen.

Uganks Mäerz gouf matgedeelt, dass de Rock am Ring an och de Rock im Park vun 2021 och nees muss verluecht ginn. De Moment wier et einfach net méiglech esou ee grousse Festival ofzehale mat der aktueller Situatioun.

Dofir soll et dann 2022 nees esou wäit sinn. Méi genee vum 3. bis de 5. Juni 2022. Ma wien Tickete fir d'Editioun vun dësem Joer huet ka se entweder zeréckbezuelt kréien oder op nächst Joer ëmschreiwen. Dëst wäert awer an zwou eenzele Phase gemaach ginn. Dat aus technesche Grënn. All Ticket kann entweder nëmme getosch oder eeben zeréck bezuelt ginn. Fir sécher ze goen, dass do alles klappt, mécht een dofir léiwer zwou eenzel Sessions.

Wien nächst Joer dobäi wëll sinn ka säin Ticket vum 15. Abrëll un tauschen, vun 11 Auer mueres un.

Wéi et weider heescht wäert een och schonn éischt Bands vum Line-Up matdeelen ier d'Tauschphas eriwwer ass. Et wäerten och eréischt dann Informatiounen zu der zweeter Phas ginn, an der een dann seng Tickete kann zeréck ginn.