Bei der SNL ass de Kid Cudi als Musical Act vum Owend opgetrueden. Mat enger Garderobe déi alles anescht wéi zoufälleg ausgewielt war.

Dem Kid Cudi säin Optrëtt war e bëssen anescht wéi déi meescht Leit villäicht geduecht hunn. Dat net vum musikalesche Standpunkt hir. Bei sengen zwou Performances den 10. Abrëll, war den amerikaneschen Rapper on point.

Ma seng Outfits hunn awer wuel fir e bësse méi Erstaune gesuergt. Bei sengem éischten Optrëtt fir den Track "Sad People" hat de Cudi ee wäisse Rack u mat Blummen drop. De Grond fir dës Garderob? Een Tribute un den Nirvana-Sänger Kurt Cobain. Dësen hat sech de 5. Abrëll 1994 d'Liewe geholl. De Cobain hat bei enger ganzer Rei Geleeënheeten esou ee Rack un. Bei Optrëtter vun Nirvana, Award Shows an um Cover vun "The Face".

Wéi de Kid Cudi du seng Single "Tequila Shots" performed huet, hat hien eng zerrappten Jeans, ee grénge Cardigan an ee wäissen T-Shirt u, mam Bild vum verstuerwenen SNL-Member Chris Farley un, deen 1997 un enger Iwwerdosis gestuerwe war.

Um Enn vum Joer 2020 hat de Kid Cudi säin Album "Man on the Moon III" eraus bruecht.