An och fir d'Demi Lovato gesäit et guer net esou schlecht aus an den Charts!

Fir dem Justin Bieber säin Album "Justice" geet et nees no uewen. Nodeems de kanadesche Sänger eng Woch laang vun der éischter Plaz vun de Billboard 200 erof op d'Zwee gerëtscht war, ass en elo nees ganz uewen. Domat ass "Justice"deen éischten Album zanter sengem Album "My World 2.0" deen am Joer 2010 eraus komm war. Et dierf een also kloer soen, dass "Justice" trotz Kontroverse ganz positiv ukënnt bei de Fans.

An och fir d'Demi Lovato gesäit et aktuell richteg gutt aus an den Charts. Säin Album "Dancing With The Devil..." thematiséiert jo seng Iwwerdosis am Joer 2018 a wéi säi Liewe sech zanterhier entwéckelt huet. Ma seng nei Plack ass säi beschtplazéierten Album  zanter 2015. An och seng Doku-Serie "Demi Lovato: Dancing With The Devil" kënnt weider gutt un op YouTube. Méi wéi 30 Millioune mol gouf dës weltwäit gekuckt.