Domat sinn si weltwäit op der zweeter Plaz vun de musikalesche YouTube Account mat de meeschte Subscriber.

Déi südkoreanesch Girlband BLACKPINK ass immens erfollegräich. Esou huet d'Girlband zum Beispill scho ganzer 5 Guiness-Weltrekorder gebrach. Wéi zum Beispill déi meeschte Views fir ee Video an den éischte 24 Stonnen nodeems de Video dropgesat gouf.

An hiren Erfolleg op der Video-Plattform geet weider. Elo huet d'Girlband am ganze 60 Millioune Leit déi hire Kanal op YouTube abonéiert hunn. Domat si si op der zweeter Plaz weltwäit vun de Museker-Accounts wann et ëm d'Unzuel vun Abonnente geet. Domat hu se Kënschtler ewéi den Eminem, Ed Sheeran oder och de Marshmello hannert sech gelooss.

Deen eenzegen deen nach virun hinne steet, ass den Justin Bieber, mat 62,4 Milliounen Subscriber. Wann et ëm weiblech Kënschtler geet, läit BLACKPINK awer op der éischter Plaz. Ma souguer d'K-Pop Sensatioun BTS huet manner Abonnenten op YouTube. Wéi de Management vu BLACKPINK, "Yonhap News Agency" matgedeelt huet, huet d'Girlband dee gréisste YouTube Account aus ganz Südkorea.

An och eenzel kënnen d'Fraen aus der Band iwwerzeegen. Esou zum Beispill, d'Rosé, dat elo säin éischte Solo-Album eraus bruecht huet, dee sech "R" nennt. An och seng Single "On The Ground" ass international immens gutt ukomm.