Dem Lady Gaga seng Fans hate sech zesumme gedoen wéinst engem ganz spezifeschen Uleies: een zweeten Deel vum Album "Artpop"

Artpop war deen drëtten Album vum Lady Gaga an ass 2013 eraus komm. Mat Gäscht wéi zum Beispill dem T.I, Too Short, Twista oder dem R. Kelly. Dëse war awer nëmme bis 2019 um Album drop. Nodeems den Documentaire "Surviving R. Kelly" erauskoum gouf d'Lidd vun all de Streaming an Online Versiounen vum Album erof geholl. An och op den neie Produktiounen vun CD'en a Vinyl ass d'Lidd gestrach ginn. Et war ee vill méi "liichten" Album am Verglach zu "Born This Way", dem Lady Gaga sengem zweeten Album.

Ma elo 2021 hat eng Grupp vu Fans sech zesumme gedoen an dësen Album nees no uewe gepusht an den Charts. Den Hashtag buyARTPOPonItunes war op Twitter viral gaangen. Ma dem Gaga seng "Little Monsters" wéi et seng Fans ëmmer nees nennt hunn hir Campagne awer nach ee Stéck weider gedriwwen. An einfach mat Hëllef vun enger Petitioun gefuerdert dass een zweete Volume vun "ARTPOP" sollt eraus kommen. An déi iwwer 39'000 Ënnerschrëfte scho gesammelt krut.

Elo huet Mother Monster sech dann och selwer zu der Campagne geäussert.