Dës Nouvelle dierft eng ganz Rei vum Lady Gaga senge Fans freeën!

Wéi ARTPOP 2013 eraus koum, war d'Begeeschterung net besonnesch grouss. Ma et ass och bei der Musek heiansdo wéi bei engem gudde Wäin: se brauchen e bëssen Zäit bis se wierklech Begeeschterung ausléisen.

An esou kann een et och wuel beim Lady Gaga sengem drëtte Studio-Album resuméieren. Viru puer Wochen ass op eemol en Hashtag viral gaangen, deen d'Leit dozou opgefuerdert huet ARTPOP nees ze lauschteren an ze kafen. Doduerch ass ARTPOP op eemol op der zweeter Plaz vun den iTunes Album-Charts an den USA gelant.

Ma ee vun den Haaptproduzente vum Album, den DJ White Shadow, huet dann elo matgedeelt, dass hien an d'Lady Gaga sech elo nees wäerten treffen. An am Beschte Fall géif dëst bedeiten, dass ee sech nees decidéiert zesumme Musek ze maachen. Ob et onbedéngt een "ARTPOP Volume 2" gëtt ass net gesot. Mee wa se nees zesummen an de Studio ginn, dann dierf ee wuel mat engem änleche Sound rechne wéi bei ARTPOP.