Fir déi däitsch Sängerin eng grouss Éier, wéi d'Lea selwer sot.

Wann der kleng Kanner hutt, da kennt der se zimmlech sécher: d'Toniebox. Mat de klenge Figure kann ee verschidde Lidder oder Geschichten ofspille fir Kanner. All Tonie, huet een aneren Contenu. Ma elo ass d'Lea deen éischte Popstar deen eng "eegen" Tonie-Figur krut.

Um Lea sengem Tonie si Lidder drop fir eng Spilldauer vun ongeféier 60 Minutten. Méi genee sinn um do der Sängerin hir gréissten Hits drop wéi zum Beispill "Treppenhaus", "Leiser", oder "110". Déi kleng Figur gesäit dann och aus wéi d'Sängerin mat senger typescher Frisur a sengem Kleederstil.

Aktuell huet d'Lea dann och mam Mark Forster eng Single erausbruecht, déi sech "Um 3 Uhr nachts" nennt.