Dee leschten Album vum US-amerikanesche Rapper war 2017 eraus komm.

Dem Kendrick Lamar seng Fans waarden elo schonn eng Zäitchen op neit Solo-Material vum Rapper. Ma dem Kendrick säin "engineer" den Derek "MixedByAli" huet elo Undeitunge gemaach, dass deen neien Album vum Kendrick Lamar villäicht nach dëst Joer dobaussen ass. Hien huet op all den Albe vum Lamar matgewierkt a gouf dann an engem Interview gefrot wéi d'Chancen dorop stinn, dass deemnächst neit Material eraus kënnt.

D'Fans vum Rapper waarden effektiv elo schonn eng Zäitchen. Den Album "DAMN" vum Rapper aus Compton ass 2017 released ginn. Dat sinn awer elo schonn nees 4 Joer hir. Ma dass et ëmmer nees esou laang dauert bis een neien Album eraus kënnt huet och effektiv ee gudde Grond. Wéi de Kendrick Lamar am Oktober 2020 nach sot, ass et him wichteg ëmmer nees nei Sounds ze schafen, an net ëmmer just d'selwecht ze kléngen. "Ech brauch eppes dat mech begeeschtert. Ech gesinn dass der dann op eemol frustréiert gitt well der gären Neies hätt" esou de Lamar weider.