Dobäi ass et emol net hiert Lidd!

Dat US-amerikanescht Hip Hop Kollektiv BROCKHAMPTON huet eréischt lescht Woch hiren neie Studio-Album "Roadrunner: New Light, New Machine" eraus bruecht. An do ass och d'Single "Count On Me" drop. Op dëser Single sinn ënnert anerem de Shawn Mendes an de Ryan Beatty am Refrain ze héieren. Den A$AP Rocky huet d'Lidd dann och matgeschriwwen.

Zu dëser Single gëtt et dann elo och ee Musekvideo. An dësen ass scho speziell. Net nëmmen duerch déi zwou Persounen déi d'Haaptroll hei iwwerholl hunn. Ze gesi sinn nämlech den Dominic Fike an de Lil Nas X, zwee dach ganz ënnerschiddlech Museker wann et ëm hir Musek geet. Hei am Video gesäit een déi zwee an engem Jeep duerch d'Géigend fueren, am Gaang ze laachen, Musek ze lauschteren an ze schwätzen. Duerno klammen déi zwee aus dem Jeep eraus. Déi zwee trëpple bei ee Floss a fänken u sech ze kussen. An duerno fänkt et och un immens komesch ze ginn. Et gesäit e bëssen esou aus, wéi wann een déi zwee op engem Drogentripp géing begleeden: mol si se Comicfiguren, dann zéien sech hir Kierpere wéi Plastilinn,... Et muss een de Video scho kucken fir sech wierklech ee Bild ze maachen. Ma d'Lidd "Count On Me" selwer huet eppes a bleift och gutt am Ouer hänken.