Donieft gëtt et um Freiden dann och direkt eng nei Single déi sech "Sabotage" nennt.

Et war musikalesch net onbedingt direkt roueg gi ronderëm d'Bebe Rexha, am op een neien Longplayer hunn d'Fans vun der Sängerin awer elo schonn eng Zäit misse waarden. 2018 war säin Debut-Album eraus komm, dee sech "Expectations" genannt huet.

Ma elo dräi Joer méi spéit ass et dann esou wäit: de 7. Mee 2021 kënnt der Singer-Songwriterin hiren zweeten Album eraus, dee sech "Better Mistakes" nenne wäert. Eigentlech hätt den Album scho lescht Joer sollen dobausse sinn. Ma d'Bebe Rexha hat sech awer decidéiert domat ze waarden, bis "d'Welt nees eng besser Plaz wier". Ma d'Sängerin sot weider, dass et sech awer loune géing nach e bëssen ze waarden.

Ee klengen Avant-Gout gouf et dann awer elo um Freideg: eng éischt Singleauskopplung aus dem neien Album. D'Single nennt sech "Sabotage" an handelt dovu, wann ee Bezéiungen eigentlech selwer sabotéiert, an deem een der anerer Persoun, an och der Bezéiung u sech keng wierklech Chance gëtt.