Eng ongewéinlech Kombi gouf et um Freiden: You, vum Troye Sivan, Tate McRae an dem DJ Regard. Lauschter Iech d'Resultat hei un:

Et sinn dräi Kënschtler déi fir sech erfollegräich sinn, an och alleguer een eegene Genre vu Musek e bëssen hunn. Ma elo gouf et dann awer eng Single op der déi dräi Kënschtler och effektiv zesummen ze héieren. "You" kombinéiert d'Stëmme vun der kanadescher Sängerin Tate McRae an dem australesche Sänger Troye Sivan. Dat Ganzt gëtt dann nach ergänzt mat de Beats vum kosovareschen DJ Regard.

Wien dem Sivan op TikTok followed ass villäicht net ganz iwwerrascht iwwert dës Kollaboratioun. Do hat den Troye nämlech schonn den 1. Abrëll dës Kollaboratioun geteased, zesumme mam Tate McRae. Do stoung och dobäi, dass d'Single de 16. Abrëll definitiv dobaussen ass. Ma wien da geduecht huet: "Okay dat ass een Abrëllsgeck", huet sech wuel geiert. "You" ass effektiv ganz pénktlech wéi versprach eraus komm.  An d'Single mécht och definitiv Loscht einfach d'Aen zou ze maachen a wëll mat ze danzen.