D'Duechter vum "King of Pop" huet an engem Interview elo driwwer geschwat, wéi eng Influence säi Papp op seng kënschtleresch Aarbecht hätt.

Wann et ëm den Numm "Jackson" a Musek geet, da kënnt engem direkt eng Famill an de Kapp. An dorënner ganz besonnesch de Michael Jackson. Jorelaang gouf de Museker just "King of Pop" genannt, well en dëse Genre och staark beaflosst huet. Ma dem Paris Jackson seng Musek ass éischter aus dem "Indie Rock" Beräich. D'Duechter vum Michael Jackson ass dann och net esou an der Mainstream-Zeen ënnerwee wéi säi Papp et war.

An engem Interview mam "The Evening Standard" huet d'Paris iwwert säin Album "Wilted" geschwat, dee sech vum musikalesche Stil hir ganz kloer u Kënschtler wéi dem Thom Yorke vu Radiohead, oder Grandaddy. Ma säi Papp hätt awer egal wéi een Afloss op hatt. Hien hätt him ganz vill verschidde Musekstiler a Kënschtler gewisen, sief dat vun Tchaikovsky bis Motown, oder och Kanye West.

Ausserdeem wier säi Papp och soss natierlech eng wichteg Persoun a sengem Liewen gewiescht, an géing hatt och doduerch ëmmer beaflossen. Eng weider Persoun, déi och punkto Musek ëmmer nees hire Pefferkär dierf bäileeën: dem Paris säi Pätter, de Macaulay Culkin. "Säi Museksgoût ass tichteg cool", esou d'Paris. "Hie lauschtert Saache wéi Devendra Banhart oder The Orwells. Wann ech also eppes maachen, dat no do drun eru kënnt, schécken ech him et fir seng Meenung ze héieren".