An d'Sängerin sëtzt schonn nees am Studio. Et kéint ee soen, dass déi amerikanesch Sängerin net méi ze stoppen ass!

D'Beatles si weltwäit bekannt, mee absolut Legenden an hirem Heemechtsland Groussbritannien. Ma do huet elo awer keen anert wéi d'Taylor Swift d'Beatles vun engem Troun geheit! Mat sengem leschten Album "Fearless: Taylor's Version" huet d'Taylor et fäerdeg bruecht nees op der éischter Plaz vun den Album Charts ze landen. Ma keng Persoun huet et hikritt méi séier dräi Nummer-1 Placéierunge hinzeleeën. 259 Deeg huet et nämlech just gedauert. Den 31. Juli 2020 war folklore op der Nummer 1, den 18. Dezember evermore, an elo dann d'Neiopnam vu Fearless.

D'Beatles haten dëse Rekord ganzer 54 Joer gehale kritt: si hate sou just kee Joer dofir gebraucht, nämlech 364 Deeg. Ma dem Taylor säi Rekord dierft awer nach e bësse méi schwéier ze knacke ginn. Mat Fearless: Taylor's Version huet d'Taylor et iwwregens och fäerdeg bruecht déi éischt Persoun iwwerhaapt ze sinn, déi mat enger Neiopnam op Nummer 1 vun de Billboard 200 ze stoen. Ausserdeem huet d'Sängerin och elo op Twitter matgedeelt, dass et schonn am Gaangen ass een neien Album opzehuelen. Wéi een dat genee ass, huet déi 31-Joer al Sängerin awer net verroden. D'Swifties tippen awer op den Album 1989 aus dem Joer 2014, wéinst sengem rezenten Interview mam Stephen Colbert.