E Mëttwoch den Owend - Concertsfeeling fir doheem mat där beschter Live-Musek um Hitradio zu Lëtzebuerg! Dës Kéier: The Weeknd

Schonn iwwer 10 Joer ass den The Weeknd am Musek-Business mat dobäi. Ugefaangen huet 2010 am Fong alles mat der Grënnung vu sengem eegene Label XO Records. Stand haut managet XO Records ënnert anerem de French Montana, d'Doja Cat, d'Bebe Rexha oder den Ty Dolla $ign.

No an no koumen dunn och éischt eege Singles a Kollaboratioune mat anere KënschtlerInnen, ënnert anerem mam Drake. Schonn den Debut-Album "Kiss Land" war e groussen Erfolleg a sollt et bis op d'Plaz 2 an den amerikaneschen Charts packen. Spéitstens zanter dem November 2019 an dem Release vu "Blinding Lights" gehéiert den The Weeknd awer zu de ganz groussen Nimm aus der Musekswelt. Et gëtt quasi kee Land an deem den Track net ganz uewen an den Charts stoung. Och bei eis am Chartbreaker hat den Track et fir 6 Wochen op d'Eent gepackt an et sollt ausserdeem den Hit vum Joer 2020 ginn.

Den Album "After Hours" war op d'mannst genee esou e groussen Erfolleg. Op d'Annonce datt d'Recording Academy hien net fir d'Grammys 2021 nominéiere géif, huet de Kanadier matgedeelt datt hien d'Grammys an Zukunft boykottéiere wäert. Ausserdeem wieren him seng 2 Grammys déi hie bis elo gewonnen huet, näischt méi wäert, esou de Museker. Vun deenen Evenementer léisst hie sech awer net erofzéien. Viru kuerzem koum d'Nouvelle datt hien aktuell un engem neien Album schafft.

Dëse Mëttwoch presentéiere mir iech en exklusive Live-Concert vum The Weeknd. Erlieft dëse Mëttwoch seng gréissten Hits an der Live-Versioun - vun 21h00 Auer u bei eis um Eldo oder am Livestream op eldo.lu an an der App!