Et ass ee vun den Tracks, déi um neien Album vum DJ Khaled wäerten ze héiere sinn.

Déi nei Single vum DJ Khaled nennt sech "Sorry Not Sorry" a bréngt ganz vill Leit zesummen. Et wäert een den DJ Khaled zesumme mam Nas, Jay-Z, James Fauntleroy an och nach The Hive héieren.

Op sengem neien Album "Khaled Khaled" wäerten allgemeng ganz vill grouss Kënschtler ze héiere sinn. Esou sinn eleng um Track "I did it" de Post Malone, Megan Thee Stallion, Lil Baby an DaBaby ze héieren. Weider Features wäerten nach den Justin Bieber, de Meek Mill, Drake, H.E.R. oder och den Justin Timberlake ze héiere sinn.