Et ass schonn eng Zäitchen hir, dass déi brittesch Band nei Musek verëffentlecht huet. Elo gëtt et een Avant-Gout!

Nodeems lescht Woch annoncéiert gouf, dass nei Musek vu Coldplay kënnt, méi genee de 7. Mee, war d'Band gnädeg mat de Fans. Op TikTok gouf elo ee Snippet vun "Higher Power" gedeelt.

Dee leschten Album, an och déi lescht nei Musek vu Coldplay ass am November 2019 eraus komm. Dofir dierf d'Fans dann elo och d'Noriicht freeën, dass eng nei Single eraus kënnt! Déi nei Single nennt sech Higher Power a wäert de 7. Mee dobausse sinn.

Wéi d'Band selwer op Social Media geschriwwen huet, ass d'Single op engem "klenge Keyboard an engem Lavabo am Buedzëmmer entstanen Uganks 2020". Produzéiert gouf d'Single da vum schwedesche Produzent Max Martin, dee Coldplay selwer als "true wonder of the universe" beschriwwern hunn.

Fir weider Promo ze maache fir déi nei Single, goufen dann zu London, am Statdeel Camden grouss Affichen opgepescht mat enger mystériéiser Schrëft. Wéi op engem Video ze gesinn ass, sinn déi véier Bandmemberen do einfach emol ganz gemittlech laanschtgetrëppelt, matten am Dag. An d'Leit déi laanscht se getrëppelt sinn, hu mol net gemierkt wien do grad ganz relax spazéiert ass. D'Kommentarer zum Post waren dann och gréisstendeels "Stell der fir du trëppels laanscht Coldplay a realiséiers et emol net!"