Wien net onbedingt frou mat Reptilien ass, kuckt dëse Video besser net...

De Moment op dee vill Leit gewaart hunn ass dann elo do. D'Billie Eilish huet seng éischt Single vu sengem neien Album eraus bruecht. "Your Power" heescht déi nei Single, an ass nees ee ganz emotionaalt an och biographescht Wierk. Am Track geet et drëms seng Muecht auszenotzen déi een iwwer anerer huet. D'Billie soll zum Beispill vun enger fréierer Bezéiung sangen mam Rapper 7:Amp.

Wéi déi zwee zesumme waren hat hien 22 Joer, iwwerdeems hat d'Billie der 16.  Dee grousse Star vum neie Lidd, oder op mannst dem Musekvideo, ass dann awer weder d'Billie, nach säin Ex. Mee den Archie. Den Archie ass keen Typ dee sech um Billie senger Säit weist, mee eng gréng Anakonda. Dat grousst Reptil schlängelt sech am Video ronderëm dem Billie säin Hals matten an der Natur, op engem Bierg. De Video ass also absolut derwäert fir ze kucken. Punkto Musek selwer: deem engen ass d'Lidd villäicht ze roueg. Ma wien awer gären  Lyrics mat enger gewësser Déift huet, ass hei sécher op der richteger Adress. D'Virfreed op deen neien Album "Happier Than Ever" dierft wuel weider klammen.