Net ëmmer kann ee Museker Songtexter aus sengem eegene Liewe schreiwen. Ma d'Olivia Rodrigo huet elo eng Inspiratiounsquell verroden... TikToks!

TikTok kenne mer alleguer: déi kuerz Videoen thematiséieren sou zimmlech all Méigleches an Alldeegleches dat mer begéinen. Do gehéiert d'Léift natierlech och dozou.

Wéi d'Sängerin Olivia Rodrigo elo an engem Interview mat "The Face" verroden huet geet hatt no Inspiratioun fir seng Lidder och ëmmer nees d'Kommentaren vun TikTok-Videoe liesen, an deenen et ëm Bezéiunge geet déi an d'Bréch gaange sinn.

Do hat d'Olivia, dat duerch seng Single drivers license ënnert engem Post de Kommentar gelies "Enges Daags fënns de dee richtege Partner, deen absolut wäert an dech verléift sinn an esou vernarrt an dech an dech richteg behandele wäert, an dat alles vun elo wäert just eng Erënnerung wäit fort sinn". Dëse léiwe Kommentar huet d'Olivia zu engem Deel vum Songtext "Enough For You" inspiréiert. Weider huet d'Olivia gemengt, wann ee soe géing, dass et net produktiv wier op TikTok ze hänken, een der Persoun dann einfach déi heite Geschicht ziele sollt.

Dem Olivia säin Debut-Album "Sour" wäert dann iwwregens den 21. Mee eraus kommen. No sengem Mega-Hit drivers license, dierf ee gespaant sinn!