An enger iwwerraschender Decisioun gouf elo decidéiert, dass d'Grammys vun 2022 un elo ganz anescht sollen oflafen.

Et ass eng Nouvelle mat der eigentlech elo kee sou direkt gerechent hat. Ma awer eng ganz Rei Leit a virun allem Kënschtler dierft freeën. Déi sougenannten "Nomination Review"- Kommissioune ginn elo opgeléist!

Deemno wäerte vun elo un net méi dës Kommissiounen doriwwer decidéieren wien ee Grammy gewanne kann, mee d'Membere vun der Academy selwer. Dëst an de "generellen" an "Genre"-Kategorien. Dat bedeit also elo konkret, dass nëmmen nach Museker nominéiert ginn, déi vun der Majoritéit vun de Membere gewielt gëtt. Fir sécher ze goen, dass dës Memberen och zäitgeméiss sinn, wëll een nach viru Schluss vum Joer minimum 90% vun hinnen duerch eng "Re-Qualifikatioun" gaange sinn. Heibäi wéilt ee feststellen, ob déi verschidde Memberen nach ëmmer selwer aktiv Musek produzéieren.

Et wéilt een doduerch op déi vill Kritik agoen, déi d'Academy dëst Joer krut duerch d'Nominatiounen. Eemol waren nëmme wéineg Afro-Amerikanesch Kënschtler nominéiert ginn. An et wier eng berechtegt Kritik gewiescht esou den Harvey Mason Jr. deen Interims-President vun der Recording Academy ass.