Nodeems een an deene leschte Méint net vill vu Coldplay héieren huet, geet et elo nees richteg lass!

Ugefaange mat der neier Single "Higher Power" déi um Freide 7. Mee eraus kënnt, mellt sech Coldplay scho mol mat neier Musek zeréck. Ma nieft hirer neier Single, a villäicht och engem neien Album, wäert een d'Band elo och nees Live erliewen! Esou wäert d'Grupp ronderëm de Leadsänger Chris Martin eemol den 9. Mee, also genee zwee Dag nom Release vun hirer neier Single bei American Idol live optrieden.

Ma Coldplay wäert awer net nëmmen an den USA optrieden, mee och an Europa. Esou dann fir d'Brit Awards 2021. Do wäerten se den 11. Mee awer net nëmmen einfach esou optrieden, mee den Opening Act bei der Award-Show sinn. Bei de Brit Awards wäert awer net nëmme Coldplay optrieden, mee och ënnert anerem d'Olivia Rodrigo, Arlo Parks, Dua Lipa, Rag'n'Bone Man oder d'P!nk.