Och wann en et begréisst, dass een eppes ännere wëll, bleift seng Decisioun stoen.

Den 30. Abrëll hat d'Recording Academy, déi jo all Joer d'Grammy Awards vergëtt, eng Rei gréisser Ännerungen ugekënnegt. Dat och wéinst der viller Kritik, déi d'Academy dëst Joer huet missen astiechen. An zwar net nëmme vun de Fans vu verschiddene Kënschtler, mee och vu Museker a souguer Nominéierte selwer. A verschiddene Kategorien hate souguer verschidde Museker a Gruppe refuséiert hir Nominatioun unzehuelen.

Ee Punkt dee fir vill Verwonnerung gesuergt hat, war de Fakt, dass The Weeknd fir keng eng Kategorie nominéiert gouf. Wat méi wéi verwonnerlech war nom weltwäite Succès vu sengem Album "After Hours". Doropshinn huet den Abel Tesfaye, wéi The Weeknd mat biergerlechem Numm heescht ugekënnegt vun elo un d'Grammy's konsequent ze boykottéieren, a seng Musek net méi fir een Award ze proposéieren. An dëst eeben haaptsächlech wéinst den anonymen Kommiteeën déi a quasi all de Kategorien decidéieren wéi eng Kënschtler nominéiert ginn.

Ma elo nodeems deen anonymen Stëmm-Kommitee ofgeschaf gouf, hunn natierlech vill Leit a Fans sech gefrot ob de Museker sech elo ëmdecidéiert. Ma The Weeknd bleift awer bei senger Decisioun, wéi en elo an engem Statement matgedeelt huet: "Even though I won’t be submitting my music, the Grammys’ recent admission of corruption will hopefully be a positive move for the future of this plagued award and give the artist community the respect it deserves with a transparent voting process."