''Higher Power'' heescht den Track a konnt de 7. Mee seng Première op de internationaler Raumstatioun feieren.

D'Fans vu Coldplay kënne sech freeën, well d'Band huet um Freideg de 7. Mee een neie Song verëffentlecht. Dat awer net op déi klassesch Art a Weis, mee iwwert ee spezielle Link. D'Band huet sech d'Méi gemaach de Song iwwert eng speziell Verbindung zu der ISS ze releasen. Deemno konnt de Song déi alleréischte Kéier, vum franéischen ESA Astronaut Thomas Pasquet, gelauschtert ginn dee sech aktuell an der internationaler Raumstatioun befënnt.

Iwwert ee spezielle Link konnten d'Fans bei der Iwwerdroung nokucken wärend den ESA Astronaut d'Première vum Track iwwerholl huet.

Wéi se d'Single annoncéiert hunn, ass och gläichzäiteg matgedeelt gi wéi en entstaanen ass an zwar op eng komplett onüblech Art a Weis. Op engem klenge Keyboard um Lavabo am Buedzëmmer am Joer 2020 a produzéiert gouf se vum Max Martin.