Fir den Optakt vun enger Streaming-Plattform fir Museker, ass et den däitsche Rapper Sido deen den Ufank maachen dierf.

Et ass dee bekanntste Museker aus ganz Däitschland. Virun allem well den Numm net nëmme bei deene jonken ee Begrëff ass mee och bei deene méi alen. Aus dem Block huet de Museker et bis ganz uewen un d'Spëtzt gepackt an zwar esou, dass seng Lidder och reegelméisseg am Radio lafen. Eppes wat virun 10 Joer nach net de Fall war.

Heiansdo kann en Dram dann effektiv och Realitéit ginn. Dat an dësem Fall well de Museker et bis an är Stuff packt. Mat hëllef vun enger jonker a moderner Plattform aus Berlin déi Concerte streamt, ass genau dat elo méiglech. D'Iddi hannert deem Ganzen ass, fir de Kënschtler esou kënnen eng Bün ze ginn an dat ganz ouni physesch mussen op enger bestëmmter Plaz ze sinn.

Den 22. Mee vun 20h00 bis 21h15 ass et dann hei um Sido. Tickete ginn et elo schonn iwwert de Site www.yourgix.com .

Witzege Fakt

De Sido huet mëttlerweil och ganz vill Fanartikel déi e verkeeft an domat natierlech och nach ee Batz Geld verdéngt. Ganz nei huet de Museker dann elo eng Mini-Figur vu sech erstelle gelooss, déi een natierlech och kafe kann.