Iwwer 300 Milliounen Dollar konnte mam Event ''Vax Live: The Concert to Reunite the World'' gesammelt ginn. Domat gi 26 Milliounen Impfunge finanzéiert.

D'Musek ass eng Sprooch déi op der ganzer Welt verstanen a geschwat gëtt. Et läit deemno och op der Hand, dass Musek d'Leit unzitt a verbënnt. Eng Verbindung déi een, virun allem an Zäite wéi der aktueller, gutt gebrauche kann. Genau déi Connectioun huet d'Selena Gomez genotzt an dat net fir sech.

Mëtt Abrëll huet d'Musekerin schonn d'Zesummenaarbecht mat Global Citizen annoncéiert. Zesumme mat der Organisatioun huet d'Selena Vax Live: The Concert to Reunite the World an d'Liewe geruff. Ee Concert deen den 2. Mee zu Los Angeles opgeholl gouf an den 8. Mee bei der Iwwerdroung ronn 300 Milliounen Dollar abruecht huet. Mat deem Geld kënne bis zu 26 Milliounen Impfdosisse bezuelt ginn, déi an der weltwäiter Corona-Impfcampagne gebraucht ginn. Ma net just d'Selena Gomez war mat dobäi, mee ënnert aneren och nach H.E.R, Jenniffer Lopez, Foo Fighters an den J. Balvin.

D'Musekerin selwer wär frou, dëst Event konnte méiglech ze maachen a fuerdert domat och d'Politiker op, d'Impfdosisse gerecht ze verdeelen.

Kuckt hei dee ganze Concert