Um rouden Teppech vun de BRIT Awards 2021 huet d'Band matgedeelt, dass se lescht Woch een neien Album fäerdeg gestallt hunn.

Déi schottesch Band aus Ayrshire huet sech am Joer 1995 gegrënnt an ass säit deem zimmlech erfollegräich. Aktuell hu se 8 Alben um Marché woubäi dee leschten dovunner, nämlech ''A Celebration Of Endings'', eréischt lescht Joer am August eraus komm ass.

Den 11. Mee um rouden Teppech vun de BRIT Awards huet d'Band da vis-à-vis vun NME matgedeelt, dass se hire mëttlerweil néngten Album och scho komplett opgeholl hätten, woubäi den Titel awer nach streng geheim ass. Op d'Fro ob dësen elo als direkten Nofollger vun ''A Celebration Of Endings'' ze gesinn ass, sot de Frontmann Neil, dass ee klengen Zesummenhang besteet. Ma well d'Band awer net vill getourt ass, hu si sech Zäit geholl 8 ganz nei Songs ze schreiwen a se mat op den Album ze paken.

D'Fans kënne sech freeë well de Longplayer warscheinlech schonn am Oktober dëst Joer eraus kënnt.